Iwwert mech

Mäin Numm ass Christine, ech si Lëtzebuergerin an hu mech spéitstens mat 17, wéi ech fir d’éischte Kéier a mengem Liewen an e Fliger geklomme si fir 3 Méint als Austauschschülerin a Kanada ze verbréngen, mam Reesvirus infizéiert.

Ech schaffe selbstänneg als Iwwersetzerin an hunn doduerch dat grousst Gléck, einfach kënne meng Wallis ze pake wann ech Loscht hunn, ouni mussen e Chef ëm Erlaabnis ze froen, an och am Ausland schaffen ze kënnen.

Ech war bis elo a 44 Länner an dat Land, wat ech ausserhalb vu Lëtzebuerg am beschte kennen, ass Mexiko, wou ech reegelméisseg länger Periode verbréngen.

Op dësem Site wëll ech meng Reese fir mech selwer dokumentéieren an hoffentlech och Anerer dozou inspiréieren, sech e bëssen eppes vun eiser schéiner klenger Welt unzekucken.

The world is a book, and those who do not travel read only one page

Standing on the Greenwich prime meridian